FireWire

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
lénks 4-Pin a rechts 6-Pin Fire-Wire-Stecker
Fire-Wire-Schnëttplaz op enger Computerkaart

FireWire [ˈfaɪɹˌwaɪɹ] (och bekannt als i.Link oder IEEE 1394) ass eng vun Apple entwéckelt digital Schnëttplaz, eng Schnëttplaz, déi an der Tëschenzäit och vun anere Fimen iwwerholl ginn ass. An der PC-Welt ass FireWire och bekannt als IEEE 1394-Standard. Sony gebraucht zanter Abrëll 1997 d'Bezeechnong i.LINK fir d'FireWire-Schnëttplaz. D'FireWire-Schnëttplaz gëtt meeschtens fir den Datenaustausch vun Date mat grousser Vitess tëscht Computer a Multimedia- oder anere Peripherieapparater gebraucht. Wéinst hirer grousser Vitess beim Iwwerdroe vun Donnéeën ass Fire Wire haut och eng Alternativ zu Ethernet ginn.

Firewire steet a Kompetitioun mam wäit verbreeten USB-System (Universal Serial Bus).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: FireWire – Biller, Videoen oder Audiodateien