Op den Inhalt sprangen

Firewall

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Firewall ass tëscht verschiddene Rechnernetzer a limitéiert den Zougrëff zwëscht dësen Netzer, an dësem Beispill tëscht dem Local Area Network (LAN) an dem Wide Area Network (WAN).

E Firewall (vum engl. firewall [ˈfaɪəwɔːl]; Brandmauer), och Netzwierk-, oder Hardware-Firewall genannt, ass eng Netzwerk-Sécherheetskomponent an der Computertechnik, déi de Netzwerkverkéier alternativ erlaabt oder verbitt. Duerch e Firewall ass et méiglech, den Datenverkéier opgrond vu verschiddenen Vertrauenskathegorien ofzesécheren. En typischen Zweck ass et, den Iwwergang vun engem lokalen Netz (LAN) (héicht Vertrauen) an dem Internet (keen oder wéineg Vertrauen) ze kontrolléiren.

E Firewall besteet aus Soft- an Hardwarekomponenten. Hardwarekomponente vun enger Firewall sinn Rechner mat Netzwerkschnëttplazen wéi Router oder Hosten; Softwarekomponenten sind beispillsweis Filteren oder Proxyserver.

Commons: Firewall – Biller, Videoen oder Audiodateien