Local Area Network

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Local Area Network (ofgekierzt LAN) ass e Computernetzwierk, dat Computeren a raimlech enker Noperschaft matenee verbënnt. E LAN erstreckt sech geographesch gesi virleefeg just iwwer e privaten Terrain, wéi zum Beispill vun enger Entreprise, iwwer e Schoul- oder Universitéitscampus an erreecht an der Regel Distanzen tëscht 100 m an 1 km.

LANe si gréisser als Personal Area Networks, awer klenger als Metropolitan Area Networks, Wide Area Networks a Global Area Networks.

Broadcasting-Prinzip[änneren | Quelltext änneren]

Lokal Netzer schaffen allgemeng, och wann et eng Partie Ausname gëtt, nom Broadcasting-Prinzip a gi Broadcast Networks genannt. Dobäi stellt de LAN an der Regel eng Broadcast-Domaine duer. Dëst ass e Beräich vun engem Computernetz, andeems all ugeschlosse Computere mat hirer Hardware-Adress (MAC-Adress) direkt matenee kommunizéiere kënnen.

De Prinzip ass folgenden: Eng Noriicht, déi iwwer Kommunikatiounsnetz verschéckt gëtt, gëtt vun all de Computeren an der Domaine empfaangen. D'Netzwierkkaart vun den eenzelne Computeren iwwerpréift unhand vun hirer MAC-Adress an der Adress am Kappdeel vun der Noriicht, op dës fir si bestëmmt ass. Wa jo, verschafft se d'Noriicht weider, am anere Fall gëtt se einfach verworf.

Ënner engem Broadcast versteet een d'Adresséiere vun enger Noriicht un all Computeren aus dem Netz.

LAN-Topologien[änneren | Quelltext änneren]

D'Topologie vun engem Netzwierk beschreift d'geometresch Form vun der Computerverdeelung am Netz. Déi dräi wichtegst Topologien am LAN-Beräich mat jee verschidden Eegeschafte sinn:

Bus-Topologie[änneren | Quelltext änneren]

Bus-Topologie

An enger Bustopologie sinn d'Computeren all un engem linearen Iwwerdroungsmedium (Kabel) ugeschloss. U béiden Enn vun dësem Medium muss dofir gesuergt ginn, datt d'Signaler net reflektéiert ginn, sou datt keng Stéierunge produzéiert kënne ginn. Aner Stéierungen, sougenannt Kollisioune kënnen optrieden, wa méi wéi ee Computer sendt. Fir sou Kollisiounen ze verhënneren däerf zu all Zäitpunkt just ee Computer eng Noriicht verschécken. Dëst gëtt iwwer ee spezielle Mechanismus gesteiert.

D'Virdeeler vun dëser Struktur leien an der liichter, awer begrenzter Erweiderung vum LAN. D' Un- an d'Ofklemme vun engem Computer um Bus ka meeschtens während dem lafende Betrib vum Netz geschéien, ouni datt Iwwerdroungsfeeler passéieren. Wichtegsten Nodeel ass, datt beim Busausfall dat ganzt Netz blokéiert ass.

Déi wichtegst Technologie vun der Bustopologie ass Ethernet.

Rank-Topologie[änneren | Quelltext änneren]

Rank-Topologie

An enger Ranktopologie sinn d'Computeren all kreesfërmeg an enger zouener Schläif platzéiert. Dobäi gëtt eng Noriicht vun engem Computer ëmmer u säin direkten Nofolger verschéckt. Dëse kontrolléiert dann ob d'Noriicht fir hie bestëmmt ass. Ass dëst net de Fall, sou gëtt d'Noriicht u säin direkten Noper weidergeleet.

De gréissten Nodeel an der Ranktopolgie läit bei engem Kabelbroch oder dem Ausfall vun engem Computer, woubäi de ganze Rank dann ausfält. Duerch d'Benotzung vun enger redundanter Verkabelung léisst sech de Problem awer behiewen. Ee weideren Nodeel ass, datt d'Verzögerung vun der Noriichteniwwerdroung proportional zu de Computeren déi um Netz ugeschloss sinn ass, well jo all eenzelen Computer passéiert muss ginn. Als Virdeel gëtt ugesinn, datt de Verkabelungsopwand bei dëser Topologie minimal ass.

Token Ring a FDDI baséieren, wéinst den Nodeeler vun dëser Struktur, op enger modifiéierter Ranktopologie.

Stär-Topologie[änneren | Quelltext änneren]

Stär-Topologie

An enger Stärtopologie sinn d'Computeren all stärfërmeg ëm een zentrale Punkt (Hub) placéiert. Dësen Hub huet ee groussen Tëschespäicher an och eng grouss Schaltvitesse, fir déi eenzel Noriichte weiderzeleeden.

Well all d'Noriichten aus dem Netz iwwer dëse Punkt lafe mussen, ass den Hub enger grousser Belaaschtung ausgesat. Fält en aus, da läit d'ganzt Netz brooch. Een aneren Nodeel ass, datt de Verkabelungsopwand an dëser Struktur dach relativ héich ass, allerdéngs gëtt Netz bei engem Kabelbroch oder Computerausfall weider net mat a Leidenschaft gezunn.

Wichteg Technologië mat enger Stärtopologie sinn ATM a Wireless LAN.

LAN-Erweiderungen[änneren | Quelltext änneren]

Aus technesche Grënn ass d'Reechwäit vun engem LAN begrenzt. Soll e LAN awer eng gréisser Reechwäit azillen, sou musse speziell Hardware-Komponenten agesat ginn.

  • Iwwer optesch Modeme gëtt eng gréisser Distanz iwwerbréckt. De Modem wandelt d'elektresch Signaler an optesch Signaler ëm, déi dann op der anerer Säit nees an d'ursprénglech elektresch Signaler verwandelt ginn. Dës Liichtwelle gi manner séier ofgeschwächt, wéi elektresch Signaler a kënne sou gréisser Distanzen iwwerbrécken.
  • Repeatere si Signalverstäerkeren. Wat d'Distanz méi grouss gëtt, wat d'Signaler méi schwaach ginn. Dofir musse se heiansdo verstäerkt ginn, fir dat d'Noriicht beim Destinataire nach eendeiteg erkannt ka ginn.
  • Bridge si scho méi komplex Hardware-Komponenten, déi et erméiglechen e LAN a verschidde Broadcast-Domainen anzedeelen oder verschidde LAN-Technologië mateneen ze verbannen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]