Netzwierkkaart

Vu Wikipedia

Eng Netzwierkkaart ass eng Kaart déi dem Computer erlaabt eng Verbindung zum Internet, also zu anere Computeren oder Netzwierk-Apparater opzebauen. Dat heescht iwwer déi Kaart ginn Daten erausgeschéckt, oder iwwer si kritt een och Daten.

Verschidden Aarte vun Netzwierkkaarten[änneren | Quelltext änneren]

Ënner enger Netzwierkkaart versteet een net nëmmen d'Ethernet-Kaart.

Et gëtt och ISDN-Kaarten, déi normal Modems-Kaarten, DSL-Kaarten,... déi Kaarte sinn all geduecht fir eng Connection mam WWW (World Wide Web, Internet) opzebauen. Déi Kaarte ginn normalerweis direkt mam Telefonsmodem verbonnen, d. h. se stinn direkt mam Internet a Verbindung.

Et gëtt och Internet-TV-Kaarten, mat deenen een direkt mam TV-Kabel op de Computer fiert, an och erëm eng direkt Verbindung mam Internet hierstellt, just dës Kéier iwwer TV-Netz. Mä zu Lëtzebuerg ass et normalerweis soudatt den TV-Kabel un een extraen Empfänger-Modem nëmme fir Internet-TV ugeschloss gëtt, deen Date verschafft, an iwwer den Ethernet oder USB weider un de Computer geet.

Eng Ethernet-Kaart, gëtt normalerweis mat engem Router verbonnen, deen dann direkt mam Internet a Verbindung steet. Dat heecht eng Ethernet-Kaart as am Fong net geduecht fir sech direkt mam oder iwwerhaapt mam Internet ze verbannen. Si si just konzipéiert fir Daten an engem internen Netzwierk hin an hier ze schécken. Et gëtt awer och Ethernet-Kaarte mat integréiertem ADSL-Modem, mat deenen een eng direkt Verbindung zum Internet hierstelle kann, oder awer och een Netzwierk opbauen, also zwee oder méi Computere matenee verbanne kann.

Erkennung vun enger Netzwierkkaart[änneren | Quelltext änneren]

Eng Netzwierkkaart brauch, fir datt se och funktionéiere kann, eng Erkennung, déi nëmmen déi Kaart huet a soss keng aner Netzwierkkaart op der Welt. Dës Erkennung gëtt MAC-Adress genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ethernet network cards – Biller, Videoen oder Audiodateien