Fräihandelszon

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fräihafen)

Eng Fräihandelszon, deels och Fräihafe genannt, ass an der Reegel en zouent Gebai oder en agepercht Gebitt an engem Land, an deem keen Zoll a keng Import-Tax ze bezuelen ass. An de Fräihandelszone ginn importéiert Wuere stockéiert, deels weiderverschafft a viru gehandelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Freihandelszone gouf oder gëtt ë. a. zu Livorno (1675), an den Häfe vun Triest a Rijeka (zanter 1719, deemools Fiume), zu Emden (1751 bis 2009), Bremerhaven-lehe (1827), Brake (1835), Bremen (1888-2007), Hamburg (1888-2012), Cuxhaven (1896), Stettin (1898) a Kiel (1924-2009).

Als wichtegen europäesche Fräihafe gëllt dee vun Triest, um Enn vun de maritimer Seidestroosss (Maritim Silk Road) mat sengen Ubannungen un Zentraleuropa. Dee gouf vum Keeser Karl VI. am Joer 1719 gegrënnt a méi spéit besonnesch vu senger Duechter Maria Theresia gefërdert.

Situatioun haut[änneren | Quelltext änneren]

Europäesch Zollunioun[änneren | Quelltext änneren]

Dem Zollrecht vun der Europäescher Unioun no ziele Fräihandelszonen zu de „Fräizone vum Kontrolltyp I“ a gehéieren ëmsazsteierlech net zum Inland. Op Leeschtungen déi bannent enger Fräihandelszon realiséiert ginn, muss deemno keng Ëmsazsteier bezuelt ginn.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De 17. September 2014 gouf zu Lëtzebuerg eng Fräihandelszon mat eng Fläch vun 20.000 m2 beim Fluchhafe Lëtzebuerg ageweit[1].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxembourg High Security Hub.

Soss doruechter[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. https://www.swissinfo.ch/ger/die-diskreten-bunker-der-superreichen/40485786