Fräizäit-Sport Kéinzeg

Vu Wikipedia

De Fräizäit-Sport Kéinzeg, kuerz FSK, ass eng de facto Associatioun[1] an der Gemeng Käerjeng. De Veräin organiséiert sportlech Aktivitéiten am net-kompetitive Beräich (Fräizäit-Sport): Footing, Cyclotourissem, Fitness, Seniore-Gymnastik, Nordic Walking.

Historique vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

D'Wandersektioun "on Tour" bei Réngel am September 2009.

Den 18. August 1975 gouf zu Kënzeg vun dräi begeeschterten Cyclotouristen den Cercle cyclotouriste luxembourgeois – Clemency gegrënnt. De Club war un d'Union luxembourgeoise de cyclo-touristes ugeschloss, déi hirersäits Member vun der Alliance internationale de tourisme war.

Fir d'Aktivitéiten ze diversifizéieren huet de Club den 1. Dezember 1981 den Numm « Fräizäit-Sport-Club Kéinzeg » ugeholl a vun do un allméiglech sportlech Aktivitéiten aus dem net-kompetitive Beräich ugebueden. Spéiderhin gouf d'Bezeechnung « Fräizäit-Sport Kéinzeg » agefouert.

Ënner anerem ass eng Wandersektioun entstanen déi den 21. Mäerz 1982 hiren 1. Fousstour an zanterhier wäit iwwer 300 Tier organiséiert huet.

D'Wandersektioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Sektioun "Randonneurs" vum Fräizäit-Sport Kéinzeg organiséiert reegel­méisseg (normalerweis all 3. Weekend am Mount) e Fousstour vun engem ganzen Dag iwwer Weeër a Pied an onofhängeg vun de Wiederkonditiounen. Dobäi ginn tëscht 14 an 20 km zeréckgeluecht.

An de Wanterméint gëtt mëttes an engem Restaurant giess. An de Summerméint gëtt e Picknick am Rucksak matgeholl.

Periodesch gëtt och en Tour vun e puer Deeg an d'Nopeschlänner organiséiert.

De Motto ass: "Un jour de sentier = sept jours de santé".

D'Wandersektioun gëtt en Informatiounsbliedchen eraus, den "INFO-Rando - Bulletin d'information des randonneurs du « Fräizäit-Sport Kéinzeg » (FSK)". All ageschriwwene Member kritt en all Mount geschéckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]

  1. Fr.: Association de fait, dat heescht e Veräin, deen net offiziell ageschriwwen ass, mä de facto existéiert. Cf. weider Detailer um Portail du bénévolat