François Hogenberg

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kaart vum François Hogenberg vun der Stad Lëtzebuerg (1581)

De François Hogenberg och nach Frans Hogenberg oder Hoog(h)enbergh gouf 1535 zu Mechelen gebuer an ass 1590 zu Köln gestuerwen.

Hie war Kartograph an huet Kofferstéch a Radéierunge gemaach.

Säin Haaptwierk war d'Buch mat Vuë vu Stied, Civitates Orbis Terrarum, dat e 1572 zesumme mam Georg Braun publizéiert huet. Hien huet ë. a. och dat eent oder anert Motiv vu Lëtzebuerg gemaach.

Nom François Hogenberg ass eng Strooss zu Gaasperech benannt.