François Schneider

Vu Wikipedia

De François Schneider, gebuer de 26. Februar 1944, ass e lëtzebuergeschen Dokter a fréieren Direkter vum Staatslaboratoire.[1]

De François Schneider ass de 17. August 1973 als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn.

Hien huet als Mikrobiolog am Staatslaboratoire geschafft. Duerch den Arrêté grand-ducal vum 9. September 1988 gouf hien den Nofollger vum Arsène Betz als Direkter vum Staatslaboratoire, deen zënter November 1980 den Numm Laboratoire national de santé[2] dréit.[1] Am Joer 2008 ass de François Schneider a Pensioun gaangen.[3]

De François Schneider ass den Auteur oder Koauteur vu medezinesche Fachartikelen am Bulletin vun der Société des sciences médicales.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Betz, A., 1989. Le Laboratoire National de Santé. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, N° jubilaire du 125e anniversaire, S. 77-80.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1343-1756, [1]-23, [1].
  • Wennig, R. & R.L. Humbel, 2014. Évolution historique des laboratoires de biologie médicale au Luxembourg. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, N° spécial 150 ans, S. 21-44.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Kugener 2005, S. 1414.
  2. Betz 1989, S. 78.
  3. Wennig & Humbel 2014, S. 33.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]