Friedrich Hölderlin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Friedrich Hölderlin (1792).

De Johann Christian Friedrich Hölderlin, gebuer den 20. Mäerz 1770 zu Lauffen am Neckar, a gestierwen de 7. Juni 1843 zu Tübingen, war en däitscehn Dichter. Hien zielt zu de bedietendste Lyriker an däitscher Sprooch a säi Wierk gëtt an der Literatur ëm 1800 als eegestänneg Stréimung tëscht Weimarer Klassik a Romantik ugesinn.

Hie war e puer Joer Privatschoulmeeschter, an huet, ë. a. well en eng Affär mat der Mamm vu Kanner hat, déi en enseignéiert hat, dacks d'Stied gewiesselt, wou e gewunnt huet. Allgemeng war e finaziell schlecht drun, an huet déi lescht Jore bei senger Mamm gewunnt, wou e Wierker vum Sophokles (König Ödipus, Antigone) a vum Pindar iwwersat huet, an och eng Rëtsch eege Gesäng (oder Hymne) konzipéiert huet (ë. a. Patmos, dat Deel vum Zyklus vaterländischer Gesänge war. 1805koume seng Nachtgesänge eraus, dorënner d'Gedicht auch das berühmte kurze Gedicht Hälfte des Lebens.

1805 huet den Hölderlin missen a psychiatresch Behandlung goen, wou en axwer méi traumatiséiert wéi geheelt gouf. E koum 1807 bei en Tübinger Schräiner an d'Fleeg, wou en anm engem Tuermzëmmer méi oder manner zréckgezunn gewunnt huet. 1822 bis 1826 hat hien nees eng kënschtlerech méi produktiv Phas. Tëscht 1829 an 1837 war hien eng Zort „Tübinger Attraktioun“, wou säi Besuch virun allem drun intresséiert war, ze gesinn, wéi 'geckeg' e wier. Hien huet dunn awer och seng schrëftstelleresch Aarbechten nees intesifiéiert.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Dem Hölderlin seng fréi Gedichter sin meeschtens gereimten Hymnen op abstrakt Géigestänn(An die Schönheit). Méi spéit huet hien déi antik Formen vun der Od an der Elegie iwwerholl. Déi grouss Gedichter vun senger spéiter Phas sinn dacks wäitleefeg an zum Deel Elegiën (Brod und Wein), zum Deel Hymnen a fräie Rhythmen wéi Patmos an Andenken. Donieft ginn et heiansdo och aner Formen, wéi den Hexameter-Hymnos Der Archipelagus. Ausserdeem huet den Hölderlin méi kuerz Formen applzéiert, wéi den Epigramm oder Kuerzgedichter (berühmt ass Hälfte des Lebens).

Bekannt vun him ass och säi fréie Bréifroman Hyperion.

Nodeems en am 19. Joerhonnert, wann net ignoréiert, dann héchstens als Epigon vum Schiller ugesi gouf, huet et bis an d'20. Joerhonnert an de Stefan George gedauert, bis en erëmentdeckt an d'Qualitéit vu senger Gedichter erkannt a gewierdegt gouf.

An der Literaturgeschicht a bei der Rezeptioun vu sengem Wierk spillt seng Krankheet - an d'Wierkung op seng Wierker - eng wichteg Roll.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sämtliche Werke. Historisch-kritische Ausgabe, hrsg. von D. E. Sattler. 20 Bde. an 3 Supplementen. Stroemfeld Verlag, Frankfurt a. M. 1975–2008 („Frankfurter Ausgabe“).
  • Sämtliche Werke, Briefe und Dokumente. Bremer Ausgabe, hrsg. von D. E. Sattler. 12 Bände. Luchterhand Literaturverlag, München 2004.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedrich Hölderlin – Biller, Videoen oder Audiodateien