Frédéric I. vu Loutrengen
Frédéric I. vu Loutrengen | |
---|---|
Titelen | |
Grof vu Bar | |
Zäit | 955 bis 978 |
Nofollger | Thierry I. vu Loutrengen |
Biographie | |
Gebuer |
onbekannt onbekannt |
Gestuerwen |
18. Mee 978 onbekannt |
Bestuet mat | Beatrice vu Paräis |
Papp | Wigerich vun Ardennen |
Mamm | Kunigunde vu Verdun |
Geschwëster | Adalbero vu Metz, Siegfried vu Lëtzebuerg, Gozelo, Giselbert, Liutgarde vun Ardennen |
Kanner | Adalbero II., Thierry I. |
De Frédéric I. vu Bar, resp. vu Loutrengen, gestuerwen den 18. Mee 978, aus der Famill vun de Wigerichen, war e Jong vum Palzgrof Wigerich an der Karolengerin Kunigunde, engem Kandskand vum Louis dem Tuddeler. Hie war zanter ca. 955 Grof vu Bar an zanter 959 Herzog vun Uewerloutrengen.
942 hat hien den Titel Dux Lotharingiae, woubäi et säin Hallefbrudder Otto vu Verdun († 944 war, deen den Herzogstitel vu Loutrengen hat.
Hien huet mam Bëschof vun Toul Territoirë getosch, a gouf sou Här vun der Grofschaft Bar. 954/955 huet hien d'Béatrice de France († op engem 23. August no 987), d'Duechter vum Dux Francorum Hugo de Groussen (Robertiner) an der Hadwig, der Sëschter vum Hugo Capet bestuet. Mat deem Bestietnes koum hien an de Genoss vum Akommes vun der Abtei vu Saint-Denis, dorënner och dee vun der Abtei vu Saint-Mihiel.
959 gouf hien dunn tatsächlech Meeschter vum Herzogtum Loutrengen, wéi ee vu sengen abestuete Mononken, de Liudolfinger Bruno, deen zanter 953 Äerzbëschof vu Köln war, deem säi Stellvertrieder a Loutrengen gouf.
Kanner vun him an der Béatrice waren:
- Heinrich, 965 attestéiert, † virun 978
- Adalbero, 962 attestéiert, † 14. Dezember 1005, 984 Bëschof vu Verdun, 984 Bëschof vu Metz, Stëfter vun der Abtei Saint-Symphorien vu Metz.
- Thierry I., 972 attestéiert, † 11. Abrëll 1027/33, 978 Herzog vun Uewerloutrengen, Här vun Amance; ∞ Richilde.