Félix Lévitan

Vu Wikipedia
Félix Lévitan
Gebuer 12. Oktober 1911
12. Arrondissement
Gestuerwen 18. Februar 2007
Cannes
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sportsjournalist, Politiker

De Félix Lévitan, gebuer den 12. Oktober 1911, a gestuerwen den 18. Februar 2007 zu Cannes, war e franséische Sportsjournalist.

Hien huet 1928 ugefaangen als Journalist ze schaffen a gëtt 1962 Direkter vum Sportsservice beim Parisien Libéré, an duerno vun 78 bis 87 Member am Verwaltungsrot.

Vun 1962 bis 1987 war de Lévitan Direkter vun der Société du Tour de France. Am Joer 1957 huet hie gehollef d'Union Syndicale des Journalistes Sportifs de France ze grënnen, a war och hiren éischte President vun 1957 bis 1965, a vun 1964 bis 1973 war hien och President vun der A.I.P.S.

1999 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]