Günter Schabowski
Günter Schabowski | |
---|---|
Gebuer |
4. Januar 1929 Anklam |
Gestuerwen |
1. November 2015 Berlin |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | DDR, Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu Leipzig |
Aktivitéit | Journalist, Politiker |
Partei | Sozialistische Einheitspartei Deutschlands |
Member vun | Zentralkomitee der Sozialistischen Einheitspartei Deutschland |
De Günter Schabowski, gebuer de 4. Januar 1929 zu Anklam, a gestuerwen den 1. November 2015 zu Berlin, war en däitsche Politiker vun der SED. An der Däitscher Demokratescher Republik (DDR) war hien SED-Parteifonctionnaire a Member vum Politbüro vum Zentralcomité vun der SED. Hie war geléierte Journalist.
Weltwäit bekannt gouf e wéi en den 9. November 1989 owes op enger Pressekonferenz eng nei Circulaire iwwer nei Reegelen, wéi d'Bierger aus der DDR an de Weste reesen dierften, virgelies huet. Op d'Fro vun engem Reporter, wéini déi a Kraaft triede géif, sot de Schabowski, deen d'Circulaire virdrun an de Grapp gedréckt krut, an net vill Zäit hat, se duerchzeliesen: "Das tritt nach meiner Erkenntnis ... ist das sofort. Unverzüglich." Dës Ausso, déi op der Televisioun live iwwerdroe gi war, huet e Massestuerm vun Zéngdausende vun DDR-Bierger op d'Grenziwwergäng no West-Berlin ausgeléist, wat dozou gefouert huet, datt d'Douanieren, déi vun der Situatioun iwwerfuerdert waren, a vun uewe keng Consigne kruten, wat se maache sollten, kapituléiert hunn an d'Grenz onkontrolléiert opgemaach hunn.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Wir haben fast alles falsch gemacht – Die letzten Tage der DDR. Günter Schabowski im Gespräch mit Frank Sieren. Econ, Berlin 2009, ISBN 978-3-430-30021-6.
- Der Absturz. Rowohlt, Berlin 1991, ISBN 3-87134-010-3.
- Frank Sieren, Ludwig Koehne (Hrsg.): Das Politbüro. Ende eines Mythos. Eine Befragung. Rowohlt, Reinbek 1991, ISBN 3-499-12888-8.
- Der geröntgte Marx. In: Aufklärung und Kritik. Sonderheft 10/2005: Was bleibt vom Marxismus? S. 71–76. (Online)
- Der Zerfall einer Leihmacht. ß Verlag, Rostock, 2009, ISBN 978-3-940835-11-6.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Florian Huber: Schabowskis Irrtum. Das Drama des 9. November. Rowohlt Verlag, Berlin 2009, ISBN 978-3-87134-647-7.
- Hans-Hermann Hertle, Gerd-Rüdiger Stephan (Hrsg.): Das Ende der SED. Die letzten Tage des Zentralkomitees. Ch. Links Verlag, Berlin 1999, ISBN 3-86153-143-7.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Günter Schabowski – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- chronik-der-wende.de – Biografie beim Chronik-der-Wende Projet vum Rundfunk Berlin-Brandenburg
- RBB: Pressekonferenz am 9. November 1989, Günter Schabowski verkündet die Öffnung der Grenze. (Video/TV-Bericht)