Gardaséi

Vu Wikipedia
Satelittebild vum Gardaséi

De Gardaséi, op Italieenesch Lago di Garda oder Benàco a Bènaco, wéi en an der Géigend ëm de Séi genannt gëtt, ass de gréisste Séi vun Italien.

Säin anticken Numm war vun ongeféier 200 v. Chr. bis 800 n. Chr. Lacus benacus. Den Numm soll vun enger aler Gottheet, Benacus, ofstamen. De Gardaséi vum Etschgletscher an der leschter Äiszäit geformt, deem seng Spueren een haut nach verfollege kann. Ëm d'Joer 2000 v. Chr. sollen déi éischt Besiidlungen um Séiufer gewiescht sinn.

De gréisste Floss, deen an de Gardeséi leeft, ass d'Sarca, déi um nërdlech Wutz bei Torbole draleeft an als Mincio bei Peschiera del Garda erausleeft, fir bei Governolo an de Po ze lafen.

Am Séi gëtt et e puer Inselen. Déi gréisst, d'Isola del Garda läit bei Salò. Eng ronn 2 km südlech dovu läit d'Isola San Biagio an déi kleng Insel i Conigli (Hueseninsel). Op San Biaggio kann een, wann d'Waasser am Séi net ze héich ass, zu Fouss goen. D'Insel Trimelone, eng 400 Meter vun Assenza ewech, ass Arméisterrain an däerf net besicht ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gardaséi – Biller, Videoen oder Audiodateien