Garibaldi-Monument Lachalade

Vu Wikipedia
Monument vun de Garbaldikämpfer

D'Garibaldi-Monument zu Lachalade an der Argonne erënnert un d'Kämpf op der Front déi do vum 4e régiment de marche du 1er étranger tëscht dem 26. Dezember 1914 am hallwe Januar 1915 gefouert goufen.

An deem Regiment waren Italieener engagagéiert déi als sougenannt EVDG (Engagé volontaire pour la durée de la guerre) op der Säit vu Frankräich gekämpft hunn. Dorënner ware sechs Kandskanner vum Giuseppe Garibaldi, a Bouwe vum Ricciotti Garibaldi.

Den eelste vun hinnen de Peppino Garibaldi déi Zäit am Rang vun engem Lieutenant-Colonel huet d'Unitéit kommandéiert.

Eng ronn 500 Zaldote vum Regiment sinn an der Argonne gefall, dorënner dem Peppino Garibaldi seng zwéi Bridder de Läitnant Bruno Garibaldi an den Adjudant-chef Costante Garibaldi.

D'Wiss vis-à-vis vun der Abteikierch, wou d'Monument steet, war och de provisoresche Kierfecht fir déi Zaldoten.