Gaspar de Lemos

Vu Wikipedia
Gaspar de Lemos
Gebuer 15. Joerhonnert
Gestuerwen 16. Joerhonnert
Aktivitéit Explorateur

De Gaspar de Lemos war e portugisesche Séifuerer an Entdecker.

Vun him perséinlech ass wéineg bekannt. Nodeem de Pedro Álvares Cabral den 21. Abrëll 1500 Brasilien entdeckt hat, huet en dem Caspar de Lemos, deen de Kapitän vum Verfleegungsschëff war, dat matgefuer war, den Uerder ginn, d'Nouvelle vun der Entdeckung vu Brasilien op Lissabon ze bréngen.

Op senger Rees dohin huet hien de 5. Mee 1500 eng Bucht entdeckt, déi déi gréisst vun der südlecher Hemisphär ass. Um Réckwee koum hien den 1. November 1501 mam Amérigo Vespucci an d'Bucht hannescht (dëse gëllt 'offiziell' als hiren Entdecker), a se gouf, well et Allerhellege war, "Bahia de todos os Santos" - "Allerhellegebucht" genannt. Haut läit do d'Stad Salvador da Bahia (São Salvador da Baía de Todos os Santos), déi déi éischt Haaptstad vu Brasilie war.

Den 1. Januar 1502 huet de Gaspar de Lemos eng 1500 km méi südlech dovun d'Guanabara Bucht entdeckt, déi e fir eng Flossmündung gehalen huet. Dofir huet en dëse "Floss" "Rio de Janeiro" (portugisesch fir "Januar-Floss") gedeeft.