Geeschterbunn
Ausgesinn
Eng Geeschterbunn ass eng Attraktioun, déi op Kiermessen, Joermäert an Attraktiounsparken ze fannen ass. Heibäi ginn d'Leit op engem Weenchen, deen op Schinne fiert, duerch e méi oder manner däischtere Parcours gefouert, op deem Installatiounen oder Effekter dofir suerge sollen, datt d'Leit sech solle grujelen, oder op d'mannst erféieren.
Déi Installatioune kënnen Zeene mat Gespenster, Skletter, Gedéiesch oder soss Monstere weisen; se kënnen elektresch animéiert sinn an duerch Luucht- an/oder Touneffekter verstäerkt ginn. Heiansdo suergen och verkleeten oder maskéiert Persounen dofir, datt d'Leit am Weenchen erféieren.
Déi éischt Geeschterbunn gouf 1933 am Wiener Prater opgemaach.
Commons: Ghost train – Biller, Videoen oder Audiodateien |