Geentechnesch verännerten Organismus

Vu Wikipedia

E geentechnesch verännerten Organismus, och nach OGM (fr.: organisme génétiquement modifié) oder GMO (en.: genetically modified organism), ass en Organismus, deem seng Ierfanlage mat geentechnesche Methode geziilt verännert goufen, fir op déi Manéier Déieren oder Planze bestëmmt Eegenschaften ze vermëttelen, déi mat traditioneller Ziichtung net z'erreeche sinn.

Wärend an Europa de Verkaf vu OGMe prezis EU-Kennzeechnungsriichtlinnen an den Ubau vu geenverännerte Planze streng Oploe respektéiere muss, an dowéinst staark limitéiert ass, klëmmt den Ubau vu geenverännertem Mais, Räis, Sojabounen, Kotteng an den USA an a villen Entwécklungslänner stänneg, an huet 2006 iwwer 104 Mio ha Ubaufläch erreecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geentechnesch verännerten Organismus – Biller, Videoen oder Audiodateien