Geschlechtsflësseg

Vu Wikipedia
Fändel vun der Geschlechtsflëssegkeet

Eng Persoun déi geschlechtsflësseg, genderfluid oder genderflësseg ass, huet méi wéi eng Geschlechtsidentitéit a wiesselt tëscht deenen. Als Geschlechtsidentitéit versteet ee männlech, weiblech, androgyn, neutral, asw. Zu engem gewëssen Zäitpunkt kann déi Persoun souguer méi wéi eng Geschlechtsidentitéit hunn.

Mënschen déi sech als geschlechtsflësseg identifizéiere fillen hir Identitéitsännerung iwwer eng laang oder eng kuerz Period. D'Geschlechtsflëssegkeet ass eng Ënnerkategorie vu genderqueer.

Medezinesch a psychologesch Perspektiv[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Kritiker vun der Queer-Theorie argumentéieren, datt d'biologescht Geschlecht, Geschlechtsidentitéit an d'sexuell Orientéierung d'Resultat vun engem „soziale Konstrukt“ sinn an net beim Mënsch ugebuer sinn. D'Biologin Anne Fausto-Sterling weist drop hin, datt fir d'Konfusioun vun der Geschlechterdiversitéit an der Wëssenschaft an an der Medezin ze verréngeren, anatomesch a psychologesch Geschlechtskritäre festgeluecht goufen.[1]

Konkreet gekuckt ass eng geschlechtsflësseg Persoun mat de morphologesche Charakteristike vun engem biologesche Geschlecht gebuer a identifizéiert sech zu kengem binäre Geschlecht (Mann oder Fra). Dat heescht datt d'Geschlechtsflëssegkeet sech net duerch d'Geschlechtscharakteristiken oder d'sexuell Orientéierung determinéiere kann.

Am Joer 2012 hu Case LK an den Neurolog Vilayanur S. Ramachandran d'Resultater vun enger Etüd, wou geschlechtsflësseg Mënschen déi eng Alternéierend Geschlechtsinkongruenz (AGI) hunn, rapportéiert.[2] Si hunn d'Hypothees entwéckelt datt de Wiessel tëscht de Geschlechtsidentitéite mat den Ännerunge vun de Gehierzonen ze dinn huet. Déi charakteristesch Periode vun der AGI kënne méi wéi eng Kéier pro Dag geschéien an datt och an onpassende Momenter.

Fändel[änneren | Quelltext änneren]

De Fändel representéiert d'Fluktuatioune vun der Geschlechtsidentitéit. En huet 5 faarweg Sträifen:

  • rosa: Weiblechkeet
  • wäiss: kee Geschlecht
  • mof: gemëscht Geschlechtsidentitéiten oder Androgynie
  • schwaarz: all aner Geschlechtsidentitéiten
  • blo: Männlechkeet

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt Léiwinnen a Botswana déi eng Munn hunn an hunn e weiblecht Verhalen. Verschiddener kënne wéi e Léiw brëllen anerer vergréisseren oder schützen hiren Eegentum wéi hire männleche Pendant.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Extebarría, Lucía (2016). Más peligroso es no amar: Poliamor y otras muchas formas de relación sexual y amorosa en el siglo XXI. Penguin Random House. ISBN 8403515715.
  2. Alternating gender incongruity: a new neuropsychiatric syndrome providing insight into the dynamic plasticity of brain-sex.
  3. Rare Maned Lionesses Explained