Op den Inhalt sprangen

Gjakova

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gjakovë)
Gjakova
Land Kosovo
Awunner 40.827
  2011
Fläch 586 km²
Héicht 360 m
Koordinaten 42°22'57"N, 20°26'8"O
Postcode 50000
Websäit https://kk.rks-gov.net/gjakove/

Gjakova (Gjakovë op Albanesch an Đakovica oder Ђаковица op Serbesch) ass eng Stad a Gemeng am Weste vum Kosovo.

Gjakova huet 40.827 Awunner (Stand 2011)[1]. Der Vollekszielung vun 2011 no sinn d'grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung ethnesch Albaner (93%), virun de kosovareschen Egypter an de Roma.[2]

Ethnesch Kompositioun (2011)[2]
Awunner Zuel Prozent
Albaner 87.672 92,72%
Egypter 5.117 5,41%
Roma 738 0,78%
Ashkali 613 0,65%
Bosnier 73 0,08%
Serben 17 0,02%
Tierken 16 0,02%
Gorani 13 0,01
Anerer 92 0,10%
Net spezifiéiert 205 0,22%

Infrastruktur an Zerwisser

[änneren | Quelltext änneren]

D'Infrastruktur an der Gemeng gëllt als gutt. Wärend dem Krich 1999 sinn haaptsächlech Gebaier am Zentrum vun der Alstad zerstéiert ginn, dem sougenannten Ale Basar. Zënterhier ass deen awer mat internationale Fongen erëm opgebaut ginn. An der ganzer Gemeng goufen et 2011 42 Primärschoule fir iwwer 14.400 Schüler a 7 Lycéeë fir iwwer 4.700 Schüler.[2] Zënter 2013 gëtt et eng ëffentlech Universitéit, d'Universiteti i Gjakovës "Fehmi Agani".

Donieft gëtt et 33 Moscheeën an der Stad an an den Dierfer, vun deenen déi meescht nom Krich restauréiert goufen, an zwou kathoulesch Kierchen. Eng serbesch-orthodox Kierch ass 1999 schwéier beschiedegt a méi spéit ofgerappt ginn. Eng aner serbesch-orthodox Kierch ass wärend den Onrouen am Mäerz 2004 beschiedegt ginn a méi spéit am Zentrum vun der Stad nei opgebaut ginn. Si huet 2011 hir Dieren opgemaach.[2]

Zu Gjakova gëtt et e Geriicht mat 14 Riichter. Am September 2015 gouf et 218 Polizisten an der Gemeng.[2]

 Commons: Gjakova – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. 1 2 3 4 5 Presentatioun vun der Gemeng um Site vun der OSCE (gekuckt den 19. Juli 2017)