Global Erwiermung

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Global Erwäermung)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'global Erwiermung, reegelméisseg och einfach nëmme Klimawandel genannt, ass e Begrëff deen d'Klamme vun der Duerchschnëttstemperatur vun engem Deel vun der Atmosphär vun der Äerd a vun de Mierer bezeechent. Experte schätzen, datt d'Mënschheet eng grouss Roll dobäi spillt, haaptsächlech andeem si duerch d'Emissioun vun anthropogenen Zäregasen den natierlechen Zäregaseffekt verstäerkt hunn.[1]

Zu de Konsequenze vun der globaler Erwiermung zielen d'Klamme vum Mieresspigel, d'Schmëlze vum Äis am Mier a vun de Gletscheren, d'Entdeeë vum Permafrostbuedem, d'Ausbreedung vun de Regioune mat Waassermangel a Wieder-Extreeme mat entspriechende Réckwierkungen op d'Liewens- an d'Iwwerliewenssituatioune vun de Mënschen, Déieren a Planzen.

Duerch verschidde Klimaschutzmesuren op nationalem an internationalem Niveau (z. B. dem Kyoto-Protokoll) gëtt probéiert, déi global Erwiermung ofzeschwächen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fünfter Sachstandsbericht des IPCC - Teilbericht 1 (WissenschaftlicheGrundlagen) Gearchiveerd op 2015-09-23. Gekuckt de(n) 2015-05-30.