Golgi-Apparat

Vu Wikipedia

De Golgi-Apparat ass eng Organell an den Zelle vun den Eukaryoten a besteet aus enger Rëtsch sougenannten Dictyosomen. Jiddwer Dictyosom besteet aus meeschtens 4 bis 8 flaachen zouene Säck aus Biomembran.

De Golgi-Apparat spillt eng wichteg Roll an der Exocytos: all Proteinnen déi vun der Zell sekretéiert (ausgescheet) ginn, passéieren duerch dësen Apparat.

Do geschéien posttranslational Modifikatioune wéi z. B. Phosphoryléierung an den Tri jee no der Destinatioun vum Protein.