Google Street View

Vu Wikipedia
E Google-Streetview-Auto um Tour

Google Street View ass eng Funktioun vu Google Maps, déi et erlaabt 360° Panorama-Fotoe vu Stroossen oder Gebaier ze maachen. Dës kann een op Google Maps oder Google Earth kucken, andeems ee sech virtuell duerch eng Strooss klickt. D'Gesiichter vu Persounen an d'Immatrikulatiounsplacke vu Gefierer, déi op de Fotoen ze gesi wieren, si virun der Publikatioun onkenntlech gemaach ginn.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Fréijoer 2009 si Google-Autoen duerch Lëtzebuerg gefuer, fir vill Stroossen an allen Uertschaften ze fotograféieren.[1]

Am Mee 2010 gouf bekannt, datt an Nopeschlänner d'Google-Street-Views-Autoen net nëmme Fotoe gemaach, mä och d'WLAN-Netzer registréiert hunn, an dobäi och Privatdonnéeën, déi iwwer net geschützte Reseauen accessibel waren, ofgespäichert hunn Doropshin huet d'National Dateschutzkommissioun d'Knipsereie gestoppt an dat ganzt ënnersicht, well unzehuele gewiescht wier, datt d'Autoen, déi zu Lëtzebuerg ronderëmgefuer sinn, d'selwecht ekipéiert waren, an deemno do dat selwecht geschitt wier.[2]

Am Oktober 2010 krut Google da gréng Luucht, fir mam Ofknipse vun den Haiser laanscht d'Stroosse virunzefueren (ouni d'W-LAN-Enregistrementer). Wien net wollt, datt säin Haus spéider op de Sitte vu Google ze gesi sollt sinn, deem gouf ugebueden iwwer eng lëtzebuergesch Etüd bei Google eng schrëftlech Oppositioun per Internet oder per Bréif anzeleeën. D'Resultat vun där Knipserei sollt vum Fréijoer 2011 un online ze gesi sinn.[3] Nodeem Google awer ugekënnegt hat, net wéi an Däitschland am Virfeld Oppositiounen zouzeloossen, huet d'National Dateschutzkommissioun hinnen d'Autorisatioun nees entzunn an dee ganze lëtzebuergesche Projet huet nees op Äis geleeën.[4]

Nodeems déi lescht Dateschutzfroe gekläert goufe krut Google d'Autorisatioun fir de Street View vu Lëtzebuerg der Ëffentlechkeet disponibel ze maachen. Zanter dem 23. Oktober 2014 kann een d'Street View Biller kucken déi gréisstendeels schonn 2009 gemaach goufen.[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Google Street View – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Umstritten - GoogleStreetView jetzt auch im Großherzogtum?!", journal.lu, 13.05.2009 (Link elo dout)
  2. "Datenschützer prüfen Schritte gegen Google: Private E-Mails und Internet-Verkehr gespeichert." wort.lu, 18.05.2010 07:33, aktualiséiert 18.05.2010 10:27.
  3. "Google Street View: Elo gëtt nees zu Lëtzebuerg geknippst." rtl.lu, 26.10.2010, 07:41 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.10.2010, 08:57.
  4. "CNPD stoppt Google Street View" wort.lu, 05.11.10, 15:40
  5. Luxemburg in Street View op wort.lu vum 23. Oktober 2014