Gosho Aoyama

Vu Wikipedia
Gosho Aoyama
Gebuertsnumm 青山 剛昌
Gebuer 21. Juni 1963
Japan
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Animateur, Comicauteur, Mangaka


De Gosho Aoyama, op Japanesch 青山 剛昌 Aoyama Gōshō, gebuer den 21. Juni 1963 zu Hokuei (fréier: Daiei) (Prefecture Tottori), ass e japanesche Manga-Zeechner. Hien ass virun allem fir seng Manga-Serie Detektiv Conan bekannt.

Säin éischte Manga mat dem Titel Chotto Mattete huet en 1986 verëffentlecht. Zu senge wichtegste Wierker gehéieren ënner anerem Yaiba, Kaito Kid an Detektiv Conan. Virun allem Detektiv Conan, mat mëttlerweil iwwer 60 Manga-Bänn a wäit iwwer 400 Anime-Follgen, huet dem Aoyama groussen internationale Ruhm a wirtschaftlechen Erfolleg bruecht: Am Joer 2000 war en op Plaz dräi vun de meeschtverdéngende japanesche Privatleit an am Joer 2001 op Plaz sechs, 2004 war en nieft dem Rumiko Takahashi de meeschtverdéngende Mangaka.

Fir Yaiba krut en 1993 den 38. Shōgakukan-Manga-Präis an der Kategorie "Kanner" a fir Detektiv Conan 2001 de 46. Shōgakukan-Manga-Präis an der Kategorie Shōnen.

Nieft dem Zeechne vu Manga praktizéiert de Gosho Aoyama och Kendō a Baseball. Ausserdeem ass en e Foussball- a Krimi-Fan, virun allem vu Sherlock-Holmes-Romaner, aus deenen hien dacks Figuren a Motiver an d'Handlung vun Detektiv Conan afléisse léisst.

De 5. Mee 2005 huet hien d'Minami Takayama bestuet, Sängerin vun der japanescher Pop-Grupp Two-Mix a Seyū, déi ënner anerem d'Haaptfigur Detektiv Conan synchroniséiert. Den 10. Dezember 2007 hu japanesch Zeitunge geschriwwen, datt si sech nees scheede gelooss hunn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]