Graf vum Safdarjung

Vu Wikipedia
D'Graf vum Safdarjung

D'Graf vum Safdarjung ass e Graf an engem Gaart mat engem Mausoleum aus Marber zu Nei-Delhi, an Indien.Et gouf 1754 am spéide Mughal-Empire-Stil gebaut.

Am ieweschte Stack vum Gebai ass enf Ausstellung iwwer d'Archeologie an Indien. De Gaart, Mughal gardens genannt, an deen een duerch eng dekoréiert Paart erakënnt, ass am Stil vun engem Persesche Gaart ugeluecht.

D'Graf, e Kenotaph, gouf fir de Safdarjung ugeluecht, de Premierminister vum Muhammad Shah engem schwaache Mughal Keeser vu 1719 bis 1748. E steet ënner enger Kuppel. Véier Kanäl mat Waasser leede bei véier Gebaier. Een huet eng ornéiert Paart, déi aner dräi si Pavillonen. An den Ecke sinn aachteckeg Tierm.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Graf vum Safdarjung – Biller, Videoen oder Audiodateien