Grand Prismatic Spring

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Vue vun uewen.

Grand Prismatic Spring ass den Numm vun där gréisster Thermalquell an den USA an der drëttgréisster op der Äerd.[1] Si ass am Weste vum Yellowstone-Nationalpark am Bundesstaat Wyoming.

De Baseng ass eng 75 m × 91 m grouss an ongeféier 49 m déif. All Minutt lafen an der Moyenne 2.000 Liter 71 °C waarmt Waasser aus der Quell.[2]

Den Numm vun der Quell bezitt sech op d'Faarwe vum Waasser am Baseng, déi, bal wéi bei engem Prisma, vu Blo iwwer Gréng, Giel bis hin zu Orange a Rout ginn. D'Faarwe komme vu Bakterien an Algen am Biofilm laanscht de Bord vu der mineralräicher Thermalquell an hänken dovun of, wéi vill Chlorophyll a Carotinoiden dra sinn.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Steam Explosions, Earthquakes, and Volcanic Eruptions—What's in Yellowstone's Future? U.S. Geological Survey.
  2. Grand Prismatic Spring. Geyser Observation and Study Association (GOSA).
  3. Thomas D. Brock: Colorful Yellowstone. Life at High Temperatures

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grand Prismatic Spring – Biller, Videoen oder Audiodateien