Groen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo Parteizentral
Groen logo.png Sergeant De Bruynestraat 78-82
1070 Anderlecht
Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 1981: Agalev
2003: Groen
Memberen: 7.800 (2014)[1]
Ideologie: Gréng Politik
Faarwen: Gréng
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Gréng Partei
Websäit: www.groen.be

Groen (hollännesch fir Gréng) ass eng belsch gréng politesch Partei, déi a Flandern an an der Haaptstadregioun Bréissel aktiv ass. Hir frankophon Schwësterpartei ass Ecolo, mat där si enk zesummeschafft.

Groen ass dacks déi klengst flammännesch Partei, déi an de verschiddene Parlamenter vertrueden ass. Si ass 1981 vum Jesuit Luc Versteylen mam Numm Agalev (Anders Gaan Leven) gegrënnt ginn. Dës Bewegung huet Ëmweltschutz mat Lénkskatholizismus verbonnen. Bei de Walen am selwechte Joer krut si direkt zwee Sëtzer an der belscher Chamber.

No engem schlechte Walresultat 2003 huet d'Partei hiren aktuellen Numm ugeholl.

Linken[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Groen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Redactie (online): Open VLD heeft de meeste leden en steekt CD&V voorbij (30. Oktober 2014)