Grofschaft Logne

Vu Wikipedia

D'Grofschaft Logne war en Territoire vun en ettlech Dierfer ëm d'Buerg vu Logne, wéi Hamoir, Ocquier, Louvéigné a Comblain a vun deem d'Buerg de militäreschen Zentrum war.

D'Buerg déi zum Fürstentum Stavelot-Malmedy gehéiert huet war an der Zäit vum schwaachen Abt Jasper ënner d'Härschaft vun de Nopere geroden, vun deenen zu lescht den Érard de La Marck de Kardinol vu Bouillon d'Hand drop hat.

Nodeem d'Festungsmaueren am Joer 1521 ofgerappt gi waren, hat de Prënz-Abt Guillaume vu Manderscheid sech mat Hëllef vum Karel V. an deem sengem Statthalter Henri vun Nassau d'Territoirë vu Logne nees zeréckgeholl, a krut den Titel Grof vu Logne. Sou huet d'Grofschaft Logne de ganze westlechen Deel vum Fürstentum Stavelot-Malmedy bezeechent.