Grueffräs

Vu Wikipedia
Eng schwéier Grueffräs T655 COMMANDER 3 vu Vermeer.
Detail vun der Kette mat de Fräszänn

Eng Grueffräs ass eng Aarbechtsmaschin op Ketten, déi geduecht ass fir bei Buedemaarbechte schmuel Grief auszehiewen.

Well d'Aarbechtsbreet net grouss ass gëtt se besonnesch agesat fir Grief ze maache wa Kabele verluecht ginn, oder fir Drainageréier oder soss Leitungen ze verleeën. Wichteg ass beim Asaz vu sou Geschier datt op hirem Passage keng Leitunge queesch iwwer den Tracé féieren. De lassene Buedem oder Steng kënnen entweeder laanscht d'Säit erausgeworf ginn, fir duerno beim Opfëlle vum Gruef erëm gebraucht ze ginn, oder iwwer en ugebaut Fërderband op e Camion geluede ginn, fir oftransportéiert ze ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grueffräsen – Biller, Videoen oder Audiodateien