Guillermo Mordillo

Vu Wikipedia
Guillermo Mordillo
Gebuer 4. August 1932
Buenos Aires
Gestuerwen 29. Juni 2019
Nationalitéit Argentinien
Aktivitéit Comicauteur, Schrëftsteller

De Guillermo Mordillo, gebuer de 4. August 1932 zu Buenos Aires, a gestuerwen den 29. Juni 2019 zu Palmanova, op Mallorca, war en argentineschen humoristeschen Zeechner. Hie war besonnesch an den 1960er bis 1980er Jore bekannt fir seng Cartoons ouni Text, mat Männercher mat décken Nuesen, déi net nëmmen an Zäitschrëften a Bicher, ma och op Posteren, Kleeder, asw. kommerzialisiéert goufen.

Zanter der Mëtt vun den 1960er Joren huet hien a Frankräich an a Spuenie gelieft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Würker: Zärtlichkeit der Angst. Guillermo Mordillo und die kleinen Kerle mit den Knollennasen, in: Westermanns Monatshefte, Juli 1984, S. 25
  • Guillermo Mordillo: Mallorca ist das perfekte Nirgendwo. Bekenntnisse des Cartoonisten Guillermo Mordillo, in: Merian, Bd. 56/2003, S. 36

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guillermo Mordillo – Biller, Videoen oder Audiodateien