Hämolytescht-urämescht Syndrom
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
D'hämolytescht-urämescht Syndrom (HUS) ass e seelent Syndrom, dat haaptsächlech kleng Kanner a Bëbeeë betrëfft, an dora besteet datt op d'mannst zwee vun de follgende Krankheetszeeche gläichzäiteg vierleien: mikroangiopathesch hämolytesch Anämie, Thrombozytopenie an Niereversoen.
Deen heefegste Faktor deen dëst Syndrom ervierrifft ass Verotoxin, e bakteriellt Toxin. Et gëtt vum EHEC Bakterium, awer och vun aneren daarmschiedegende Keime gebilt.
Bei Hypovolämie a méisseger Niereninsuffizienz kann duerch e Glukos-Kachsalz-Baxter zesumme mam Diuretikum Furosemid hëllefen. Soss muss eng Dialysbehandlung ugefaange ginn. Bei prognostesch ongënschtege Fäll a bei TTP kënnt och eng Plasmapheres a Betruecht.