Hëllef:Wéi réckelen ech eng Säit

Vu Wikipedia

Eng Säit réckelen heescht, se ëmbenennen, an domat den Artikel op eng aner Plaz réckelen.

Ganz uewen op all Säit gëtt et e puer Reideren: Säit - Diskussioun - Liesen - Änneren - Versioune weisen - Stär - Feil no ënnen.

Dir musst mat der Maus op de "Feil no ënne" fueren an dann op de Reider Réckelen drécken, da gëtt iech proposéiert, fir deem Artikel, bei deem der de Reider gedréckt hutt, en aneren Numm ze ginn. Eng Diskussiounssäit, wann eng do ass, gëtt normalerweis automatesch mat op deen neien Numm geréckelt. Zum Schluss musst der just nach op de Knäppche Säit réckelen drécken, a schonn ass ären Artikel ënner deem neien Titel ze fannen.

Verschidde Säite sinn awer speziell geschützt a kënnen nëmme vun engem Administrateur geréckelt ginn. An deem Fall kënnt der äre Wonsch fir den Artikel ze réckelen op der Diskussiounssäit vum Artikel selwer erklären, oder direkt engem Administrateur op deem senger perséinlecher Diskussiounsäit e Message hannerloossen.

Opgepasst: Wann äre Benotzernumm nach net laang genuch enregistréiert ass, oder wann der nach net genuch Edite gemaach hutt, ass de Réckelen - Reider net fräigeschalt. Dir gesitt en dann net.