D'HMS Belfast ass e brittescht Krichssschëff, dat haut als Musée op der Themse zu London no beim Tower verankert ass. D'HMS Belfast hat d'Kennzeechnung C35 a war de gréisste Liichte Kräizer vu der Royal Navy am Zweete Weltkrich.
D'Schëff gouf 1936 bei der Werft Harland & Wolff, zu Belfast, op Kiel gesat a 1939 bei der Royal Navy an Déngscht geholl. Et huet eng Längt vun 187 m, an eng Verdrängung vun 11.553 Tonnen.