Haddsch

Vu Wikipedia

Den Haddsch ass déi islamistesch Pilgerfaart op Mekka. Déi Rees zielt zu de Fënnef Saile vum Islam an ass all Joer tëscht dem 8. an 12. Dag vum Mount Dhu I-hiddscha.

Mat grousser Warscheinlechkeet ass d'Wuert Haddsch vum hebräesche Wuert Chag (Fest) ofgeleet.

Männer musse sech fir d'Pilgerfaart mat zwee wäissen Dicher verschleieren an däerfe sech wärend der Rees net raséieren, kämmen, Hoer oder Neel schneiden. Fraen däerfe sech net verschleieren a keng Händschen droen.

De Prophéit Mohammed selwer soll déi eenzel Statioune festgeluecht hunn nodeem e 630 op Mekka komm war.