Hand (Poker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Begrëff Hand huet beim Kaartespill Poker zwou Bedeitungen.

En Tour vum Spill gëtt Hand genannt. Si fänkt mam Ausdeele vun den Kaarten un an hält op wann ee Spiller gewonnen huet, entweeder well en déi bescht Kaarten hat oder well e seng Matspiller aus der Hand geblufft huet. Et nennt een et Hand well en Tour sou laang dauert wéi d'Spiller nach Kaarten op der Hand hunn.

Et sinn awer och déi bescht fënnef Kaarten, déi e Spiller benotze kann. An de Stud and Draw Varianten, bei deene jiddwer Spiller nëmme seng eege Kaarten huet, sinn et déi bescht fënnef Kaarten doraus. An den Holdem Varianten, bei deenen et och nach Gemeinschaftskaarte ginn, muss sech jiddwer Spiller aus deene bis zu 9 Kaarten déi him zur Verfügung stinn, seng Hand zesummesetzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Poker hands – Biller, Videoen oder Audiodateien