Hannerknubbeldeng
Ausgesinn
Hannerknubbeldeng oder Hannerknuppecht beschreift ëmgangssproochlech een Uert deen net existéiert. Meeschtens gëtt et benotzt fir een Uert ze suggeréieren dee relativ kleng, wéineg entwéckelt a wäit ewech vun allem ass.
Vergläichbar Termen a Riedensaarte sinn:
- Kaff
- Pampa
- Kouduerf
- "Um Aarsch vun der Welt"
- "Dem Honn hannen" (heiansdo och: "Um Honn hannen")
- Zu Honnolulu (Stad op Hawaii)
- Hanner Timbuktu (Stad am Mali)
- Izeg-Klengasien
- Hannerhëpperdang oder och Hannerknapphouschent
- Bidscht an der Äppelkëscht
- Hannerklengwäinheffen
Vergläichbar Termen an anere Sproochen:
- Podunk (an den USA)
- Hintertupfingen (a Süd-Däitschland, Éisträich an der däitscher Schwäiz)
- Pusemuckel / Kleinkleckersdorf (an Nord-Däitschland)
- Nergenshuizen (an Holland)
- Pétaouchnok / Trifouilly-les-Oies (a Frankräich)