Hebe (Mythologie)

Vu Wikipedia

D'Hebe war d'griichesch Gëttin vun der Jugend an der jugendlecher Schéinheet. Si ass d'Duechter vum Zeus an der Hera, an domat d'Schwëster vum Ares an Eileithyia.

Si ass Déngerin a Mondschenk vun de Gëtter um Olymp deenen se Nektar an Ambrosia zerwéiert. An dëser Funktioun gëtt d'Hebe spéider duerch de Ganymed ofgeléist.

Nodeem den Herakles zum Gott erhuewe gi war, huet en d'Hebe bestuet. Si hunn d'Kanner Alexiarks an Aniketos kritt.

Analogien[änneren | Quelltext änneren]

Vergläicht och[änneren | Quelltext änneren]

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hebe (mythology) – Biller, Videoen oder Audiodateien