Heeknapp

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Heeknapp ass gemenkerhand d'Heereserv vun engem Bauerebetrib. Well déi Reserv traditiounsgeméiss op engem Haff ëmmer op der selwechter Plaz ass, gëtt par Metonymie och déi Plaz wou d'Hee läit sou genannt. Dat kann e separat Gebai sinn, woubäi et op den Häff zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend, dacks eng Plaz an der Scheier, heiansdo nieft dem Denn, meeschtens awer aus praktesche Grënn e Stack méi héich op der Stallgenn war, wann déi e Bëtongsbuedem hat[1]. Vun do konnt et da liicht duerch d'Fudderliichten an e Raf am Stall gehäit ginn.

Fir d'lassent Hee op den Heeknapp ze kréien gouf et déi verschiddenst Methoden, ugefaange mam oflueden an eropreeche mat der Hand, iwwer maschinell Transportsystemer wéi Fërderbänner mat Gafelen, den Heebléiser oder d'grouss Heegafel déi ënner dem Scheierdaach un enger Kaz houng, déi op engem Seel oder op enger Schinn gelaf ass.

Dat lassent Hee huet misse gutt getässelt a getrëppelt ginn, fir datt sou wéineg wéi méiglech Huelraim am Koup waren. Huelraim ware Plaze wou sech de Schëmmel oder Muuscht am éischte gebilt hunn[2] Ofhängeg vun de Béischten déi um Haff ware gouf och gutt opgepasst fir déi verschidden Zorten a Qualitéite vum Hee getrennt ze lageren. Op d'Loftzirkulatioun besonnesch ënner dem Daach huet misse gutt opgepasst ginn.

Mat de moderne Fuddermethoden an de Groussbetriber ass den traditonellen Heeknapp sou gutt wéi iwwerlieft.

Notten[Quelltext änneren]

  1. Vum Stall däerf keen Donst vun ënnen un d'Hee kommen, soss geet et futti
  2. Albrecht Daniel Thaer: Grundsätze der rationellen Landwirthschaft