Op den Inhalt sprangen

Heinz G. Konsalik

Vu Wikipedia
Heinz G. Konsalik
Pseudonym Jens Bekker, Silva Bertram, Stefan Doerner, Günther Hein, Hein Konter, Benno von Marroth, Boris Nikolai, Henry Pahlen, Pitter Utz
Gebuer 28. Mee 1921
Köln
Gestuerwen 2. Oktober 1999
Salzburg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur, Dramaturg
Member vun Hitlerjugend, Geheime Staatspolizei

Den Heinz G. Konsalik (de "G." steet fir Günther, säi Familljennumm, Konsalik ass den Numm vu senger Mamm), gebuer den 28. Mee 1921 zu Köln, a gestuerwen den 2. Oktober 1999 zu Salzburg, war en däitsche Schrëftsteller, mat ee vun deene mam gréisste kommerzielle Succès. Eenzel Wierker huet hien ënner verschiddene Pseudonymmer geschriwwen, wéi Jens Bekker, Stefan Doerner, Boris Nikolai oder Henry Pahlen.

Hien huet bannent 43 Joer 155 Romaner geschriwwen, déi zesumme weltwäit eng Oplo vun 83 Milliounen Exemplairen erreecht hunn.[1] Déi meescht dovun dréine sech ëm d'Genrë Libes- a Familljeroman an Dokteschroman. Vill vun hinnen hunn als Theema d'Sënnlosegkeet vum Krich, an handelen ëm Krichsverbriechen (op béide Säiten) wärend dem Zweete Weltkrich. A ville Romaner fënnt een och d'Motiv vun de grousse, wäite Landschaften a Russland.

Eenzel vu senge Romaner goufen och verfilmt, wéi z. B. Der Arzt von Stalingrad (1958, mam Mario Adorf a Michael Ande), Strafbataillon 999 (1959) oder Liebesnächte in der Taiga (1967).

Romaner (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

Theater, Dréibicher

[änneren | Quelltext änneren]
  • Duell um einen Mann. Komödie in drei Akten, 1943.
  • Das Florentiner Ei. 1946.
  • Der Alchemist. 1948.
  • Der Geheimnisträger. Film-Dréibuch 1975.
  • Heinz Puknus, Reinhold G. Steener (Redaktion): Heinz G. Konsalik. Leben und Werk eines Bestseller-Autors. (= Allgemeine Reihe 5848). 5. aktualisierte Auflage. Heyne, München 1991, ISBN 3-453-01353-0.
  • Alexander U. Martens: Heinz G. Konsalik. Portrait eines Bestseller-Autors. (= Allgemeine Reihe 8218). Heyne, München 1991, ISBN 3-453-04829-6.
  • Matthias Harder: Erfahrung Krieg. Zur Darstellung des Zweiten Weltkrieges in den Romanen von Heinz G. Konsalik. Mit einer Bibliographie der deutschsprachigen Veröffentlichungen des Autors (1953–1996). (= Epistemata, Reihe Literaturwissenschaft 232). Königshausen & Neumann, Würzburg 1999, ISBN 3-8260-1565-7.
  • Wlodzimierz Bialik: Die gewöhnliche Trivialität. Zu Sekundär-Botschaften und zur Ideologie der En-passant-Aussagen in Heinz Günther Konsaliks später Romanproduktion. (= Posener Beiträge zur Germanistik 5). Lang, Frankfurt am Main 2005, ISBN 3-631-53649-6.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gestorben: Heinz G. Konsalik. In: Der Spiegel 41/1999 vum 11. Oktober 1999, S. 358.