Heliostat

Vu Wikipedia
Heliostat vun Odeillo
E schweedescht Solartuermkraaftwierk

En Heliostat ass en Apparat mat engem Spigel an engem Rotatiounssytem, deen d'Sonneliicht onofhängeg vun der Positiounsännerung vun der Sonn um Himmel, ëmmer op de selwechten, uertsfeste Punkt reflektéiert.

Am Joer 1865 huet de Jean Bernard Léon Foucault ee verbesserten Heliostat entwéckelt, dee fir e gréissere Beräich vum Himmel brauchbar war. Dofir bezeechent hien deen als Siderostat.

Beim Heliostat an dem Siderostat dréit sech am Laf vun der Zäit d'Bild am Projektiounsniveau ëm ee Punkt – fir deen Nodeel ewech ze kréien, gouf de Coelostat entwéckelt, deen e wichtege Bestanddeel vu Sonnenobservationsinstrumenten ass.

Heliostate sinn an neister Zäit an de sougenannte Solartuermkraaftwierker agesat ginn, an deenen Honnerte vu computergesteierte Heliostaten hiert Liicht op een an der Tuermspëtzt ënnerbruechten Absorber konzentréieren. De Konzentratiounsfaktor vun der Stralung erreecht Wäerter vun 1000-mol d'Sonnenastralung a méi. Mat senger Hëllef gëtt d'Stralung a Wäermt ëmgewandelt, déi ofgefouert gëtt, fir dann duerch Dampgewënn iwwer eng konventionell Turbinn e Generator unzedreiwen.

Heliostate kënnen och fir Beliichtungszwecker agesat ginn. Dobäi gëtt z. B. d'Liicht op Gebaier, déi am Schiet leien ëmgeleet, oder a Liichtschächt dirigéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]