Henry Bessemer
Ausgesinn
Henry Bessemer | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 19. Januar 1813 |
Gestuerwen |
15. Mäerz 1898 London |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Ingenieur, Erfinder, Metallurgist, Geschäftspersoun |
Member vun | Royal Society, American Academy of Arts and Sciences |
Gielercher | Fellow vun der Royal Society, Albert Medal, Knight Bachelor |
![]() |
De Sir Henry Bessemer, gebuer den 19. Januar 1813 zu Charlton bei Hitchin am Hertfordshire, a gestuerwen de 15. Mäerz 1898 zu Denmark Hill (London), war en engleschen Ingenieur an Erfinder.
Hien huet am Ganzen 117 Patenter ugemellt. Seng bekanntst Erfindung ass den no him benannte Bessemer-Procedé (1856), fir aus Goss Stol ze maachen.
1879 gouf e Member vun der Royal Society a gouf geadelt.
Fir un hien z'erënneren, goufe Stroossen zu Bieles, Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Diddeleng, Lonkech, Yutz, Creil a Saint-Maximin, Aix-en-Provence, La Roche-sur-Yon, Trith-Saint-Léger, Malemort-sur-Corrèze, Lagord, Messein an Toulouse no him genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Henry Bessemer – Biller, Videoen oder Audiodateien |