Op den Inhalt sprangen

Herbert von Karajan

Vu Wikipedia
Herbert von Karajan
Gebuertsnumm Heribert Ritter von Karajan
Gebuer 5. Abrëll 1908
Salzburg
Gestuerwen 16. Juli 1989
Salzburg
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Éisträich, Däitscht Räich 1933–1945
Educatioun Mozarteum Salzburg
Aktivitéit Dirigent, Theaterregisseur, Filmregisseur, Regisseur, Dozent, Pianist
Partei NSDAP
Fonctioun Museksdirekter
Member vun Berliner Philharmoniker
Auszeechnungen Großes Verdienstkreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, Grand officier vum Verdéngschtuerde vun der Italieenescher Republik
Famill
Bestuet mat Elmy Holgerloef (26.7.1938–),
Anita von Karajan (22.10.1942–),
Eliette von Karajan (1958–16.7.1989)
Papp Ernst von Karajan
Mamm Martha von Karajan
Kanner Isabel Karajan
Websäit https://karajan.org/

Den Herbert von Karajan, gebuer de 5. Abrëll 1908 zu Salzburg als Heribert Ritter von Karajan, an Éisträich offiziell Heribert Karajan, a gestuerwen de 16. Juli 1989 zu Anif, war en éisträicheschen Dirigent.

De Karajan zielt zu de bekanntsten a renomméiertsten Dirigente vum 20.Joerhonnert. Hien huet mat ville bekannte Symphonieorchesteren zesummegeschafft, an a ville bedeitenden Operenhaiser gewierkt.

Hien huet als Dirigent méi Stécker a Concerten opgeholl (Placken, Televisioun, Video) wéi déi meescht aner Dirigenten. Hien huet ronn 700 Wierker vu ronn 130 Komponisten opgeholl, a weltwäit goufen eng 300 Milliounen Tounsupporte mat sengem Numm verkaaft. De Musekslabel Deutsche Grammophon (DG), fir déi de Karajan vun den 1960er Joren u geschafft huet, huet bis 2008 geschat een Drëttel vun hirem Ëmsaz mat Karajan-Opname gemaach.

 Commons: Herbert von Karajan – Biller, Videoen oder Audiodateien