Hidalgo (Bundesstaat)

Vu Wikipedia
Lag vun Hidalgo a Mexiko
Wope vun Hidalgo

Hidalgo ass een zentrale Bundesstaat vu Mexiko, deen nërdlech vun der Haaptstad läit. E gouf 1869 geschaf, an ass nom Miguel Hidalgo genannt ginn, dee mat sengem Grito de Dolores ("Kreesch vu Péng") de Kampf fir d'Onofhängegkeet vu Mexiko initiéiert huet. En huet eng Fläch vun 20.813 km2, an 2.665.018 Leit liewen do (Stand: Zensus 2010). Pachuca de Soto ass d'Haaptstad dervunner. Hidalgo ass administrativ a 84 Municipios (Gemengen) ënneragedeelt.

Déi bekanntsten Attraktioun vum Staat ass den archeologesche Ruinesite Tula, vun deem ugeholl gëtt, datt et déi fréier Haaptstad vun den Tolteken gewiescht wier.

Haapt-ekonomesch Aktivitéite sinn de Biergbau (Sëlwer, Gold, Bläi, Koffer, Zénk) an d'Landwirtschaft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]