Himmelskugel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Himmelssphär)
Skizz vun enger Himmelskugel

D'Himmelskugel ass eng imaginär, dënn Kugelschuel mat onendlech groussem Duerchmiesser respektiv eng Richtungs- oder Eenheetskugel, déi d'Äerd ëmgëtt.

D'Himmelskugel gëtt och Himmelssphär oder Firmament genannt. Déi Bezeechnung leet sech vun der anticker Sphärevirstellung of. Déi antik Astronomie huet sech geduecht, datt d'Himmelskierperen un enger duerchsiichteger Sphär vum Himmel „ugepecht“, (laténgesch: firmamentum) wieren.

D'Himmelskugel huet hir Polen an der Verlängerung vun der Äerdachs. Den Himmelsequator ass d'Projektioun vum Äerdequator op d'Kugel. D'Positioun vun den Himmelskierpere gëtt mat Hëllef vum Equatoriale Koordinatesystem uginn. Als Mëttelpunkt vun der Himmelskugel däerf wéinst de groussen Himmelskierperdistanzen am Verglach zum Äerdradius ouni grousse Feeler all Observatiounsplaz op der Äerd ugeholl ginn. D'Himmelsachs ass an dëse Fäll eng Parallel zu der Äerdachs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Himmelskugelen – Biller, Videoen oder Audiodateien