Historesch Kranen (Tréier)

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Historesche Kran (Ale Kran) un der Musel

Um Muselufer zu Tréier an der Géigend vun der Réimerbréck stinn zwéin historesch Krane vun enger erstaunlecher technescher Aart. Dës Hiefkranen hunn en Daach, dee mat de Kranäerm dréit a grouss Lafrieder, déi duerch Seeler mat Muskelkraaft beweegt goufen. Si erënneren un dee fréiere Schëffs- an Handelsverkéier op der Musel.

Den nërdleche Kran (Ale Kran) staamt aus dem Joer 1413 a gouf vun engem Tréierer Schëffsmann gebaut. Deen zweeten (Douaneskran), dee méi no bei der Réimerbréck steet, gouf 1774 opgeriicht.