Hoag's Objet
Hoag's Objet | |
---|---|
![]() | |
Konstellatioun | Schlangen |
Rektaszensioun | 15St. 17 Min. |
Deklinatioun | +21° 35’’ |
Distanz | 600.000.000 Liichtjoer |
Diameter | 120.000 Liichtjoer |
Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]
Den Hoag’s Objet ass eng aussergewéinlech Galaxis, eng Krees-Galaxis. Jonk blo Stäre forméieren e Krees ëm e Kär aus hellen ale Stären. Dertëscht sinn nëmmen e puer vereenzelt Stären. Den Objet ass entstane wéi virun 2-3 Milliarde Joer eng kleng Galaxis riicht an eng Spiralgalaxis gefall ass.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Den Objet gouf 1950 vum Art Hoag entdeckt an no him benannt.
Am Ufank huet den Hoag geduecht, de Rank wir e Gravitatiounslënseneffekt. Mä méi spéit gouf festgestallt datt de Kär an de Rank dee selwechte Redshift hunn. D. h. Si beweege sech mat der selwechter Vitess vun der Äerd fort.