Hoeräis

Vu Wikipedia
Hoeräis am Februar 2022 zu Lëtzebuerg
Hoeräis op doudegem Holz bei Birkenfeld

Hoeräis ass e biophysikalesche Phenomeen, bei deem sech, ënner bestëmmte meteorologesche Konditiounen, reng Äis"fiedem" op fiichtem, muuschtegem Holz forméiere kënnen.

Hoeräis besteet aus Waasser, dat am doudegen Holz enthalen ass, an dat duerch Gasen no bausse gedréckt gëtt. Déi Gasen entstinn duerch den aerobe Stoffwiessel vum Myzel vu wanteraktive Pilzen (ë. a. Schlauch- a Stännerpilzen).[1]

Wann d'Lofttemperatur knapps ënner Null Grad C° ass (déi am Holz awer nach net), an d'Loftfiichtegkeet héich, fréiert d'Waasser wann et un d'Uewerfläch kënnt a gëtt a kristalliséierter Form vum Waasser dat nokënnt, no uewe gedréckt. Sou entsti reng "Hoer", déi e puer Zentimeter laang kënne ginn. D'Loftfiichtegkeet muss dofir héich sinn, well soss d'Waasser, wat erauskënnt, verdonste géif.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hoeräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gerhart Wagner, Christian Mätzler: Haareis auf morschem Laubholz als biophysikalisches Phänomen. Forschungsbericht Nr. 2008-05-MW. Institut für Angewandte Physik. Universität Bern. 6. September 2008. S. 1–31.