Hong Taiji

Vu Wikipedia
Hong Taiji
Gebuertsnumm ᡥᠣᠩ ᡨᠠᡳᠵᡳ
Gebuer 28. November 1592
Gestuerwen 21. September 1643
Aktivitéit Politiker

Den Hong Taiji (chin. 皇太极 Huáng Tàijí; och bekannt als 黃台吉 Huáng Táijí); gebuer 1592, a gestuerwen den 21. September 1643, war den aachte Jong an Nofollger vum Nurhaci. En huet d'Manschuräich erweidert an ass kuerz ier en d'Muecht iwwerhuele sollt zu Peking gestuerwen.

Zu senge Liefzäiten haten e puer schlecht Rekolten 1627 bis 1628 a China eng Hongersnout ausgeléist. Et ass zu Bauerenopstänn komm, déi d'Ming-Dynastie existenziell bedreet hunn. Den Hong Taiji huet se benotzt a seng Muecht an der Mandschurei konsolidéiert bis bei den Amur, géintiwwer Korea, der Mongolei a stéisst scho 1629 bis Peking vir.

Den Hong Taiji geréit och a Konflikt mat dem mongoleschen Nominalherrscher Ligdan Khan, wéi eng Rei vun de mongolesche Stammgruppe bei hien iwwergelaf sinn. 1632-34 sinn de Ligdan Khan a seng Chaqar verdriwwe ginn, soudatt den Hong Taiji duerno och vill Mongolen hanner sech hat. 1635 ännert den Hong Taiji offiziell den Numm vum Jurchen-Vollek a "Mandschu" ëm.

1641/42 waren d'Ming duerch d'Bauerenopstänn vum Li Zicheng an Zhang Xianzhong sou geschwächt, datt d'Mandschu bannent China bis op Shandong virstousse kënnen, dobäi 94 Stied eruewert hunn, resp. zur Kapitulatioun gezwongen hunn, an a 39 Gefechter d'Iwwerhand behalen hunn. Chinesen, wéi z. B. den Hong Chengchou, si bei si iwwergetrueden an hu bei der Organisatioun vum Staat gehollef.

Nom Doud vum Hong Taiji den 21. September 1643 hu seng Bridder Dorgon an Dsirgalang d'Regierung iwwerholl fir dee sechs Joer ale Keeser Shunzhi, de néngte Jong vum Hong Taiji, a setze konsequent seng Politik fort. Den 13. Mee 1644 setzt sech d'Arméi vum Dorgon a Beweegung a Richtung Peking, dat se nach am selwechte Joer besetzen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Huang Taiji – Biller, Videoen oder Audiodateien