Huelstralwaasserlanz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Huelstralwaasserlanz ass eng Waasserlanz, bei där d'Läschwaasser duerch eng Düs gepresst gëtt, déi d'Form vun engem Rank huet.

Eng Huelstrallanz erméiglecht et, duerch e festen oder en Zännkranz, dee rotéiert, en huele Waasserstral ze kréien, deen eng besser Waasserverdeelung huet wéi déi klassesch B-, C- oder D-Vollstrallanz mat manner Waasserverbrauch.

Et gëtt villerlee Modeller vun Huelstrallanzen an d'Diskussiounen, watfir eng déi bescht ass, sinn nach am Gaang.

Virdeeler vun der Huelstrallanz[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Waasserdrëpse am Stral si méi reng, dowéinst ass d'Surface vun den Drëpse méi grouss, a sou ka méi eng grouss Killwierkung erreecht ginn.
  • Duerch e Waasserstralwénkel vu bis zu 120° ass, besonnesch bei Ugrëffer bannent Raim, dem Pompjee seng eege Sécherheet besser garantéiert.

Mat Huelstrallanze kënne Waasser oder Waasser-Schaum-Mëschunge gesprutzt ginn.