Op den Inhalt sprangen

IIHF-Weltranglëscht

Vu Wikipedia

D'IIHF-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Äishockey a gëtt vum Weltverband IIHF gefouert. Si gouf am September 2003 fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.

Am Ranking ginn nëmme Matcher aus de leschten fënnef Joer berécksiichtegt, fir e besseren Iwwerbléck iwwer déi aktuell Stäerkt ze garantéieren. D'Ranglëscht gëtt eemol oder zweemol pro Joer aktualiséiert.

Aktuell Ranglëscht vun den Hären

[änneren | Quelltext änneren]

An der aktueller Ranglëscht (Stand: Mee 2018) steet Kanada un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Schweden a Russland.

Lëtzebuerg war 2003 fir d'éischt op der 42. Plaz, déi bescht Positioun, op där se jee waren. Si ass zurzäit och op der 42. Plaz mat 790 Punkten.

PlazLandPunkten
1.CAN Kanada3990
2.SWE Schweden3945
3.RUS Russland3930
4.USA USA3765
5.FIN Finnland3765
6.CZE Tschechesch Republik3690
7.CHE Schwäiz3590
8.DEU Däitschland3575
9.NOR Norwegen3270
10.SVK Slowakei3245
...
42.LUX Lëtzebuerg790
...
50.*KWT Kuwait140

Notten:

  • * – déi lescht Plaz

Aktuell Ranglëscht vun den Dammen

[änneren | Quelltext änneren]

Hei gëllt eng aner Punkteberechnung (Stand: 30. Abrëll 2018).

PlazLandPunkten
1.USA USA4200
2.Kanada Kanada4060
3.Finnland Finnland3910
4.Russland Russland3830
5.Schwäiz Schwäiz3655
6.Schweden Schweden3615
7.Japan Japan3555
8.Däitschland Däitschland3475
9.Tschechesch Republik Tschechesch Republik3470
10.Frankräich Frankräich3225
...
38.*Belsch Belsch930

Notten:

  • * – déi lescht Plaz