Op den Inhalt sprangen

INES-Skala

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) INES)

D'INES-Skala (International Nuclear Event Scale) ass eng Skala, mat där Tëschefäll an Atomzentralen, haaptsächlech Kraaftwierker, bewäert ginn. D'Skala geet vun 0 bis 7.

All Tëschefall, deen an enger Atomzentral zustan kënnt, gëtt mat dëser Skala bewäert. Dobäi gëtt et zwéi wichteg Krittären: D'Defizienz vun der Sécherheet vun der Atomzentral an d'Auswierkung vun der Radioaktivitéit (bannen a baussent der Zentral).

Bis haut goufen 2 Onglécker, dat vun Tschernobyl am Joer 1986 an dat vu Fukushima am Joer 2011, als Tëschefäll vum Niveau 7 aklasséiert.

StufBezeechnungAuswierkungen
0/Keng sécherheetstechnesch Bedeitung
1StéierungOfwäichung vum normale Betrib am der Atomzentral
2StéierfallLiicht Reduktioun vun der Sécherheet an der Atomzentral
3eeschte Stéierfall* minimal Fräisetzung vu Radioaktivitéit
  • gesondheetlech Schied beim Personal
  • Reduktioun vun der Sécherheet an der Atomzentral
4liichten Accident* Reakterschued
5eeschten Accident* schwéiere Reakterschued
  • Begrenzt radioaktiv Fräisetzung
6schwéieren Accident* héich radioaktiv Fräisetzung
7katastrophalen Accident* direkte Kontakt vun der Radioaktivitéit mat der Bevëlkerung
  • Schwéier gesondheetlech Follgen an engem Ëmkrees vu bis zu 100 km iwwer länger Zäit
  • Gebitt bleift fir laang Zäit onbewunnbar